Théâtre Municipal
PROGRAMME
Salle du Théâtre
Théâtre

T047

JEUDI 04/01/2018 À 20H00

[Complet]

Koproduktioun : Les Théâtres de la Ville de Luxembourg, Théâtre d’Esch, CAPE

***ANNULE****Rumpelstilzchen

Ian De Toffoli, Bridder Grimm

Tarifs catégorie 1

adulte

12,00 €

jeune

6,00 €

enfant - 12 ans

3,00 €

carte culture jeunes

3,00 €

Tarifs catégorie 2

adulte

10,00 €

jeune

5,00 €

enfant - 12 ans

2,50 €

carte culture jeunes

2,50 €

Märercher rem nei opliewen ze loossen, a Lëtzebuerger Sprooch, dëst war, viru méi wéi 40 Joer, zu enger kuerzlieweger Traditioun ginn. Den Norbert Weber huet seng Stécker zwar "Soe" genannt, et waren awer de Rumpelstilzchen (1961), d'Rabonzel (1962) an d'Schnéiwittchen (1964), déi ënnert dem Eugène Heinen senger Direktioun op d'Bühn vum Groussen Theater bruecht gi sinn.

Am Zesummespill vun engem Auteur an engem Metteur en scène, an dësem Fall dem Ian De Toffoli an dem Myriam Muller, gëtt dës Traditioun elo erëm opgeholl an d'Fro vum Neischreiwe vun enger uraler Geschicht fir den haitegen Theater gëtt nach emol nei gestallt. Well näischt ass manner festgefruer ewéi e Mäerchen oder e Mythos.

De Rumpelstilzchen ass zwar eent vun de bekannteste Märercher aus der Sammlung vun de Bridder Grimm, et ass awer och eent vun deene méi kuerzen, an deem Sënn datt, anescht wéi bei de grousse Geschichten, d'Figuren zwar eng schnell faassbar archetypesch Funktioun hunn, mee relativ wéineg psychologesch Déift. De Kinnek ass giereg, d'Duechter en Opfer, de Rumpelstilzchen, déi iwwernatierlech Hëllef, déi als Echange fir en Déngscht der frësch gekréinter Kinnigin hiert eegent Blutt freet.   Oder ass dës Geschicht och emol anescht ze verstoen ?

An dëser Neischreiwung vun engem bekannte Märchen geet et also och ëm e Verstoen, ëm e Verdéiwe vu Motiver, déi mysteriéiser net kéinte sinn. Et geet drëms Erzielmuster ervirzehiewen - wat maache Muecht, Gier, Angscht, eleng sinn, mat engem ?

Regie : Myriam Muller Bühn : Anouk Schiltz Filmopnamen : Christophe Wagner Video : Benoît Simon Kostümer : Caroline Koener Musék : Bernard Valléry Luucht : Philippe Lacombe Regieassistenz : Daliah Kentges

Mat : Larisa Faber, Fabio Godinho, Elisabet Johannesdottir, Marco Lorenzini, Jean-Paul Maes, Raoul Schlechter, Pitt Simon, Brigitte Urhausen